
Am Kader vun der Trennung vu Kierch a Stat, fuerdert d’CSV Schëffleng, datt d’ Schëfflenger Parkierch a Gemengebesëtz bleift.
D‘Schëfflenger Kierch ass en Deel vun eiser Geschicht.
Iwwert déi kierchlech a reliéis Dimensiounen eraus, gëllt et haaptsächlech déi kënschtleresch Aarbechte vum Wenzel Profant an Ady Deville z‘erhalen an ze schützen. Och d’Kierchefënster, déi un déi däischter Zäit vum Krich 1940-1945 erënnert, gehéiert zu eisem Patrimoine.
Ausserdem fuerdert d’CSV, datt de Parbüro zu Schëffleng erhale bleift.
D‘Schëfflenger Kierch soll e wichtege Bestanddeel am Zesummenliewe vun all de Bierger ginn a soll an Zukunft nach méi fir net-reliéis Zwecker kënne genotzt ginn, z.B Austellungen, Concerten, Virliesungen, etc……
D‘Kierch soll am Duerf bleiwen!