Wahlprogramm

Léif Schëfflenger Bierger,

Den 8.Oktober 2017 läit et an Ären Hänn, fir ze bestëmmen, wiem der fir déi nächst sechs Joer d’Geschécker vun eiser Gemeng uvertraut.

Schëffleng, eis Uertschaft, huet sech ouni Zweiwel zu enger dynamescher Stad entwéckelt, an ass engem permanente Wandel ënnerworf.

Eng Evolutioun, déi een am beschten duerch déi aktuell Awunnerzuele beleeë kann.

2007 hat Schëffleng ronn 8400 Awunner. Zéng Joer méi spéit, wunnen iwwert 10500 Leit an eiser Gemeng (plus 25%)

Eng Tatsaach, e Wandel, deen ënnert dem Aspekt, datt Schëffleng flächeméisseg zu deene klengste Gemengen aus dem Land gehéiert, besonnesch zum Droen kënnt.

D’CSV Schëffleng ass bereet, fir Verantwortung z’iwwerhuelen.

D’CSV wëll net alles besser maachen, awer fir et besser ze maachen, muss villes anescht gemaach ginn.

Mateneen – Fireneen

  • Schëffleng resolut weiderentwéckelen
  • d’Liewesqualitéit soll NET ënnert dem séiere Wuesstem leiden
  • e liewegen Duerfkär mat Charme, Gréngflächen an enger attraktiver Geschäftswelt schafen
  • Verkéierssituatioun/Verkéierssécherheet resolut iwwerdenken
  • Virreiderroll iwwerhuelen am Energie- a Klimaberäich
  • de Bierger an Entscheedungen abezéien

Dëst sinn nëmmen e puer Punkten aus dem CSV Walprogramm.

E Programm mat Visiounen, déi laangfristeg an nohalteg Auswierkungen op eist Zesummeliewen hunn.

D’CSV mëcht Politik fir Schëffleng, fir de Bierger, mam Bierger

Schëffleng liewen. CSV wielen.

Feiereisen Pierrot
an d’CSV Equipe fir Schëffleng