Zoe Peter
29, agent de la BCEE
Zoe Peter
29 ans,
agent de la BCEE
service Corporate Banking

A China zu Shanghai gebuer an zu Schëffleng opgewuess, sou gesinn ech mech als typescht Beispill vun engem Immigrant hei a Lëtzebuerg.

Well d’Schëfflenger Gemeng eng speziell Integratiounsklass an hirem Schoulsystem hat, hunn ech mech ganz séier hei agelieft.An der Tëschenzäit fillen ech mech méi mat Lëtzebuerg verbonnen wéi mat mengem Gebuertsland China.

Als jonken aktiven Mënsch an eiser dynamescher Gesellschaft ass et mir besonnesch wichteg e gutt Gläichgewiicht tëschent Beruff- a Privatliewen ze fleegen.

Niewent vill Fitness a Yoga reesen ech gären, soumat kréien ech de Kapp fräi vum alldeeglechen Stress.

Aus Erfarung hun ech geléiert, dass eng gesond Mëschung tëschent Traditioun an Innovatioun an eisem Zesummeliewen noutwenneg ass fir eiser Gesellschaft ëmmer erëm neien Driff ze ginn. Zesummen liewen a mateneen schaffen vun de Generatiounen hëllefen eis déi gutt Mëschung ze fannen.

Oppen, positiv a motivéiert, ginn ech mat an d‘Gemengewahlen fir d‘Stëmm vu deene jonken Erwuessenen hei zu Schëffleng ze vertrieden.