Richard Winandy
58, commissaire en chef en retraite
Richard Winandy
58 ans,
commissaire en chef en retraite

Mäin Numm ass Richard Winandy, ech hun 58 Joer, si pensionnéierten Commissaire en chef vun der Police, bestuet mam Sylvie Thies, Papp vun dräi Kanner an houfregen Grousspapp vum engem Enkel.

An menger Fräizäit bedreiwen ech gären Paragliding, Motoradfueren an Wanderen.

Déi allgemeng Sécherheet, ewéi och d‘Verkéierssécherheet an eiser Uertschaft leien mir besonnesch um Häerz, well dat an mengen Aen en groussen Deel vun der Liewensqualitéit an enger Uertschaft duerstellt.

Ech setzen mech an fir nei Infrastrukturen souwuel fir eis Veräiner ewéi och fir Fräizäitaktivitéiten z.B. Mehrzwecksportshaal (Hall polyvalent)

Well Schëffleng eng vun den dichtbesiedelsten Gemengen hei am Land ass, fannen ech, dass et endlech un der Zäit ass fir den Wuestum ze steieren, an zwar bis d‘Schoul- an Maison Relais Infrastukturen der aktueller Anwunnerzuel gerecht ginn.

Och eis Kandidatelëscht gëtt dëser Grondiddie gerecht. Mir presentéieren Iech nieft Erfarung a Kontinuitéit eng Rei nei Leit. Zesumme mat eisem Spëtzekandidat Pierrot Feiereisen wëll dës Equipe fir Schëffleng dat Bescht leeschten.