Pierrot Feiereisen
49, perfusionniste am INCCI Herz-Zenter
Pierrot Feiereisen
49 ans,
perfusionniste am INCCI Herz-Zenter
infirmier en anesthésie et réanimation
membre de la chambre des salariés
président de la section locale CSV Schifflange

Miteinander-Füreinander

Zwee Wieder, déi am Beschten meng politesch, berufflech a privat Astellung charakteriséieren. Basis vun mengem sozialen Engagement ass ouni Zweiwel meng laangjäreg gewerkschaftlech Tätegkeet.

Als President vun der Personaldelegatioun oder als LCGB Member vun der Chambre des Salariés, kann ech op eng breet gefächert gewerkschaftlech Erfarung zréck gräifen, déi och am politeschen Alldag zum droen kennt.

Als CSV President, zanter 2005, leeën ech besonneschen Wäert op Dialogbereetschaft, Teamgeescht, Éierlechkeet an de gesonde Mënscheverstand. Politesch hunn ech mech an de Beräicher vun de Gemengefinanzen, der Stadentwécklung, der Schoul- an Seniorenpolitik investéiert.

Teamgeescht, deen och am berufflechen Alldag am nationalen Häerz-Zenter oder am Kader vun humanitären Missiounen z.B. an der Mongolei erfuerdert ass.

Solidaritéit vis-à-vis de Matmënschen ass mer wichteg.

Als Hobbyleefer sinn ech reegelméisseg um Schëfflenger Bierg oder am Fitness unzetreffen. Esou richteg erhuelen an entspanen kann ech de Weekend doheem bei menger Famill oder bei engem gudden Maufel zesummen ënnert Frënn.