Paul Weimerskirch
60, échevin
Paul Weimerskirch
60 ans,
ingénieur diplômé en biochimie et chimie alimentaire
conseiller parlementaire
échevin

Paul Weimerskirch, Schëfflenger Jong, an opgewuess an der Bäckerei vu sengen Elteren, spéider Studium als Diplomingenieur fir Biochimie op der TU Wien. Haut als Conseiller parlementaire an der CSV-Chamberfraktioun

beschäftegt. 60 Joer jonk a während iwwer 20 Joer als Conseiller a Schoulschäffen (zanter 2013) op der Gemeng aktiv, kann hien op eng grouss Erfarung bauen. Als Schoulschäffen ëmmer disponibel an entgéintkommend.

Politesch engagéiert zanter senger Studentenzäit fir Ëmweltfroen, Gerechtegkeet, Fridden a Mënscherechter. De Mënsch steet am Mëttelpunkt. D‘Engagement fir Schëffleng am Blutt, an och an Zukunft gär am Déngscht vun de Matbiergerinnen a Matbierger. Mat grousser Freed – a begeeschtert vun den Initiativen – am Fairtrade-Team Schëffleng dobäi.

An der Fräizäit sportlech aktiv mat Tennis, Vëlo an Danzen, net ze vergiessen säin Engagement als Tubaspiller. Mat senger Fra Gerty Daufeld vill an der Natur ënnerwee, virop an de Schëfflenger Bëscher. Papp vun zwee erwuessene Bouwen, dem Michel an dem Pierre. Als Minettsdapp mat Ecken a Kanten, oft riicht eraus, a leidenschaftlech engagéiert bei Ongerechtegkeeten, do eckt hien och mol gären un. Ecken a Kanten si wichteg, och déi flottsten Diamanten sinn net ronn a glat.