Nadine Kuhn-Metz
46, maître peintre-décorateur
Nadine Kuhn-Metz
46 ans,
maître peintre-décorateur
commerçante indépendante

Positiv, Humor, Respekt

Dat si dräi Wieder, déi net nëmmen a mengem privaten a familiären, mä besonnesch a mengem Beruffsliewen eng grouss Bedeitung hun.

Als onofhängeg Handwierkerfrâ, mat iwwer 20 järeger Erfarung, sinn ech et gewinnt flexibel ze sinn, Entscheedungen ze huelen an an der Equippe ze schaffen.

Ech sinn en oppenen, aktiven, liewensfrouen Mënsch, deen sech gären neien Erausfuerderungen stellt an sech 100 prozenteg engagéiert.

A menger Fräizäit liesen ech Krimien, spillen zu Schëffleng bei der CMS Theater, gi gären mat mengem Mann, menger Famill a menge Frënn Iessen, a virun allem reesen ech gären fir friem Länner, Kulturen, Leit a Sproochen kennen ze léieren.

Ech setze mech an fir d‘Liewensqualitéit zu Schëffleng ze optiméieren, dest duerch méi eng attraktiv Geschäftswelt a virun allem d’Schafen vu méi Parkraum.