Als leidenschaftleche Seegelfliger, Hobbypilot an Instrukter, iwwerhuelen ech Verantwortung an huelen Entscheedunge.
Als Hobbyfotograf hun ech geléiert en Aa ze hunn fir Ästhetik an dat Schéint.
Als Hobby-Schauspiller a Regisseur mat iwwer 40 järeger Erfarung op der Bühn vun der Chorale Municipale Schëffleng an als Werbe- a Synchronspriecher, maachen ech de Mënsche Freed a brénge si un d’ Laachen.
Als Hobbykach versichen ech mat vill Kreativitéit Menüen ze kachen, déi eisen Invitéeë schmaachen.
Als laangjärege President vun der Chancëgläichheetskommissioun wënschen ech mer e Schëffleng an der Iddi vum „Design for all“, dat heescht Courage hunn zu neien Iddien a Projet’en.
Heifir setzen ech mech a menger Gemeng an, well ënner Mënschen fillen ech mech wuel.