Fotoen

CSV Bretzel an Infostand 2013

Den 9. Mäerz 2013 war eis Schëfflenger Sektioun besonnesch aktiv: Während d’Nationaldelegéiert vun der Sektioun zu Jonglënster um CSV Nationalkongress waren, hunn sech weider Comitésmemberen esou wéi zënter 2005 fir Bretzelssonndeg üblech em den CSV-Bretzel an Infostand am Duerf gekëmmert. vlnr: Gérard Thill, Romain Blum, Oriana Post-Galasso, Marie-Thérèse Dell, Claudine Dostert, Hélène Wallendorf, Alix ...

Weider liesen

CSV a Kiermeslaun de 15. Juli 2012

Hei sinn Impressiounen vun engem immens flotten an agreablen Dag. Obschonn mer dëst CSV-Fest eréischt fir déi 2. Kéier organiséieren, gëtt den Succès deenen Responsablen den néidegen Opdriff fir och nächst Joer ofschneits e flott Kiermesfest ze organiséieren.

Weider liesen

NEWS: OdP Mee 2012 Kontakt an Informatiounsblat

Folgend Themen ginn am OdP Mee 2012 analyséiert: – Wéi steet et ëm d’Schëfflenger Schmelz? – Schluss mit der Salami-Taktik – Generalversammlung 2012: Lebenswerte Gemeinde schaffen – CSV setzt nei Akzenter – D’ CSV an de Gemengekommissiounen CSV_OdP_Scheffleng_Mee2012

Weider liesen

Visite Chambre des Députés Abrëll 2012

CSV Schëffleng OnTour: Visite vun der Chambre des Députés den 14. Abrëll 2012 ënnert der Leedung vum Deputéierte Marc Spautz an mat den Explikatiounen vum Generalsekretär vun der Chamber dem Claude Frieseisen.  

Weider liesen

CSV GENERALVERSAMMLUNG 2012

Impressiounen vun der CSV Generalversammlung en Méindeg den 12. Mäerz 2012 am Rit. Besonnesch hutt et eis gefreet fir Familljeministesch Marie-Josée Jacobs als Referentin vum Owend begréissen ze kennen. Mme Jacobs hutt iwwert Erausfuerderungen fir Famill a Gesellschaft referéiert.

Weider liesen

LSAP-CSV Koalitioun

E Méindeg, den 31. Oktober hunn CSV Memberen op hirer Generalversammlung dem Koalitiounsprogramm tëschent der LSAP an der CSV fir déi nächst 6 Joer zougestëmmt. Fir Mandatsperiod vun 2012-2017 ass CSV duerch den Marc Spautz ( Deputéierte an 1. Schäffe) am Schäfferot vertrueden. Am Gemengerot gëtt CSV duerch de Paul Weimerskirch, den Norbert Carl an de Carlo Lecuit vertrueden.

Weider liesen