Moulin Bestgen: CSV Schëffleng informéiert !!

An den leschten Wochen a Méint hutt den Deputéierte Marc Spautz 3 parlamentaresch Ufroe un verschidden Regierungsmemberen gestallt.

– Question parlementaire betreffend Zukunft vun der «Moulin Bestgen» an der rue du Moulin.

– Question parlementaire betreffend «Fermeture vum CR106 ( Esch-Mondercange) resp. vum CR164 ( Noertzange-Bergem)» an déi doraus resultéirend Iwerbelaaschtung vum Rond-Point Patton an der Héidénger-Strooss zu Schëffleng.

– Question parlementaire betreffend «Installation de murs antibruit» op der Zugstréck Lux.-Esch a méi spezifesch um tracée vu Schëffleng.

En Annexe ass Äntwert vum zoustännegen Ministère betreffend déi zukünfteg Exploitatioun vun der Moulin Bestgen.

Esoubal Äntwert betreffend de Rond-Point Patton resp. Protection acoustique am besonneschen um tracée vu Schëffleng virleien, wärt CSV Schëffleng Iech informéieren.

141109 : Parlamentaresch Ufro an Äntwert vum zoustännegen Ministère «Moulin Bestgen»

 

Éierung vum Astrid Lulling 01.12.14

D’ CSV Sektioun Schëffleng invitéiert dech häerzlechst op d’Éierung vum Astrid Lulling, déi säit dësem Joer Éierebuergermeeschter vun eiser Gemeng ass.
Dess Auszeechnung ass den Ulass fir der Madame Lulling Merci ze soen fir hiren laangjäregen Asaz net nëmmen zu Schëffleng, mä och an der nationaler Politik, souwéi am Europaparlament zu Stroossbuerg.
D‘Feierlechkeeten fannen en Méinden, den 1. Dezember 2014 ëm 19.00 Auer am Festsall vun der Maison des générations, 1A, rue Jean Wilhelm, L-3883 Schëffleng, statt.
Mär wären frou dech op dësem Owend begréissen ze kënnen. D’Umeldungen kënnen bis Donneschdes, den 27. November 2014 beim Pierrot Feiereisen (feipier@pt.lu, 621 249 738) oder beim Yves Marchi (yves.marchi@ce.etat.lu, 621 25 21 63) gemeet ginn.

NEWS: CSV PROFIL VUM 8.NOVEMBER 2014

Folgend Beiträg ginn am Profil beliicht.

  • Marc Spautz, Parteipresident a Deputéierten, iwwert d’Familljepolitik
  • Nancy Arendt ép. Kemp, Deputéiert, iwwert d’Entwécklungshëllef
  • Sylvie Andrich-Duval, Deputéiert, iwwert d‘Suicidepräventioun
  • Invitatioun op den CSV-Forum, déi nei CSV-Diskussiounsplattform, zum Thema: Beschäftegung (02/12/2014)

Profil_8_11_2014