Studente-Patt
Den Deputéierte Marc Spautz hutt eng parlamentaresch Fro un den zoustännegen Minister gestallt betreffend Verkéierssituatioun zu Schëffleng.
Wéini gëtt et eng Verbesserung vun der Verkéierssituatioun bei der Industriezone “Um Monkeler” ?
Monsieur le Président,
Par la présente, j’ai l’honneur de vous informer que, conformément à l’article 80 du Règlement de la Chambre des Députés, je souhaiterais poser une question parlementaire à Monsieur le Ministre du Développement durable et des Infrastructures au sujet de la zone industrielle «Um Monkeler».
Le trafic routier devient de plus en plus dense au niveau de la localité de Schifflange. Cette situation est principalement due aux problèmes d’accès à la zone industrielle « Um Monkeler » et à la fermeture du CR106 entre Esch et Mondercange suite au glissement de terrain à la décharge pour déchets inertes à Mondercange.
En réponse à la question parlementaire No 937 du 25 février 2015, le gouvernement avait précisé qu’un accès direct à l’échangeur de Lallange serait opportun et faisable pour délester l’accès actuel à la zone industrielle et pour faire face aux problèmes de circulation que posent surtout les poids lourds.
Dans ce contexte, j’aimerais poser les questions suivantes à Monsieur le Ministre du Développement durable et des Infrastructures:
Monsieur le Ministre peut-il m’informer sur l’état des lieux des planifications ?
Quand le gouvernement envisage-t-il de mettre en oeuvre les travaux d’accès à la zone industrielle “Um Monkeler” ?
Monsieur le Ministre peut-il m’indiquer la durée prévisionnelle des travaux?
Je vous prie d’agréer, Monsieur le Président, l’expression de ma très haute considération.
Marc Spautz
Député
| Fotoen
| Fotoen
| Fotoen
Impressiounen vum CSV Neijoerschpatt 2016
Ofstëmmung iwwer eng ganz Rëtsch vun Devis, dëst als Virbereedung op déi kommend Diskussiounen zum Budget 2016 / donieft e puer Routinefroen an den Dossier Kierchefabrik mat de Konten 2014 an dem Budget 2015
Déi Douce Mobilitéit stäerken
Déi rezent Gemengerotssëtzung wor Ufank Dezember 2015. Et ass déi éischt Sitzung am Hibléck op de Budget 2016. Am Mëttelpunkt stoungen deemno eng ganz Rëtsch vun Devis, also vun extraordinären Ausgaben, déi an de Budget anzeschreiwe sinn. Ufanks vun der Sitzung huet de Gemengerot e Remerciement vum Lëtzebuerger Maartverband zur Kenntnis geholl, fir e Subsid vu 500 Euros.
De Gemengerot felicitéiert dem Tennisspiller Gilles Muller zur Wahl vum Sportler vum Joer. De Buergermeeschter informéiert, datt de Vëlo’ok-system installéiert ass an all Mataarbechter vun der Gemeng esou wéi all Conseiljee eng M-Kaart ausgestallt kritt fir domatter och vum System profitéieren ze kënnen. Et ass dëst fir d’CSV een Zeechen déi Douce Mobilitéit an eiser Gemeng ze stäerken. Et geet drëm eis Matbierger ze motivéieren, wa méiglech an ëmmer ëfters op den Auto ze verzichten, an esou wäit wéi méiglech zu Fouss oder mam Vëlo sech innerhalb vu Schëffleng ze beweegen. Och gouf een Devis ugeholl zum Ausbau vum Vëlo’ok-system : nieft de Statiounen op Huddelen, bei der Gemeng a bei der Gare, solle weider Statioune bei den Hall Polyvalent, de Centre Sportif ewéi och an d’Route d’Esch kommen.
Schëffleng an d’Réfugiés
Och d’Thematik an d’Problematik vun de Flüchtlingen ass zur Diskussioun gestan. Schëffleng huet kuerzfristeg keng Logementer fir Flüchtlingen disponibel. Néanmoins muss e wëssen, datt eis Gemeng mat iwwer 95 Logements sociaux an der Ënnerbréngung vu 36 Flüchtlingen (an dat säit iwwer 20 Joer) hire sozialen Optrag echt hëlt.
An Zesummenaarbecht mat der Croix Rouge an der Associatioun Schëffleng Hëlleft envisagéiert eis Gemeng eng gréisser Action d’intégration sociale mat der Abannung vun eise Schëfflenger Kultur- a Sportveräiner. Eng nei, eng aner Initiativ, déi eis als Gemeng fuerdert, déi mat der Hëllef vun de Schëfflenger Leit eng wäertvoll Aktioun ka sinn.
D’Ënnerbréngung vu Flüchtlingen ass en Impératif fir Mënschen an Nout ze hëllefen, mä den Volet Integratioun ass net manner wichteg: iwwer de Wee vu Fräizäitaktivitéiten am Kader vum Angebot vun de Schëfflenger Veräiner mécht eis Gemeng e Schrëtt fir tëschent de Kulturen an de Leit a Nout eng Bréck ze schloe fir e Méi u Mateneen. D’CSV seet dëser sozialer Initiativ hir voll Ënnerstëtzung zou.
Verschiddenes
Op d’Fro vum Conseillje Yves Marchi wéi et ëm de “Commissariat de proximité” vun der Polizei zu Schëffleng weidergeet, äntwert de Schäfferot, datt insistéiert gëtt e funktionelle Polizeikommissiariat zu Schëffleng oprecht ze erhalen, dëst vrun allem och der Tatsaach geschëlt, datt eis Gemeng mat geschwënn 10 000 Awunnerzuel net op e Kommissariat verzichte kann.
Op eng weider CSV-Fro hin, wéi den Dialog tëscht der Gemeng an der Administratioun vu Ponts et Chaussées ass, wann ëm Schëffleng Chantiers entstinn, déi een Afloss op d’Verkéierssituatioun kënnen hunn, ass drop higewise ginn, datt eng Verbesserung diesbezüglech wënschenswäert wier.
Eestëmmeg gëtt e Verkéiersreglement betreffend d’Millestrooss ugeholl a mat siewe Jo- an dräi Neenstëmme bei zwou Enthalunge ginn d’Konte vun der Kierchefabrik fir d’Joer 2014 mat engem Defizit vu 5477,18 Euro an de Budget 2015 mat engem Defizit vun iwwer 38 000 Euro ugeholl. D’Uergel vun der St.Martin-Kierch ass komplett renovéiert ginn, dës Onkäschte belafen sech op ronn 45 000 Euro. D’Associatioun FLEK ( (Fleegeelteren an hir Kanner) kréien e Subside extraordinaire vu 650 € votéiert, an d’Amicale Schëfflenger Kolonie gi mat 1 000 € fir d’Kreatioun vum Musée iwwer d’Eisen- a Stolindustrie gestäipt.
Approbatioun vun Devis
Eng kuerz Erklärung steet bei verschiddenen Devis, déi an der Sëtzung vum 4. Dezember 2015 gestëmmt gi sinn. Eng gaanz rei vun Devis sinn ekologesch Mesure, ganz am Sënn vum Klimapakt!
An de nächste Gemengerotssëtzungen gëtt de Budget fir dat kommend Joer presentéiert an diskutéiert. Mir kommen drop zréck!