CSV Team: Claudine Dostert, Isabelle Solagna-Van Goidsenoven, Zoé Peter, Pierrot Feiereisen, Maria Thill-Ungureanu, Marc Spautz, Iris Huber, Guy Steichen, Jessy Morbé, Carlo Lecuit, Gibert Godart, Nadine Kuhn-Metz, Richard Winandy, Paul Weimerskirch, Yves Marchi
An der leschter Gemengerotssitzung virun der Vakanz stoungen eng Rei vun Devis um Ordre du Jour fir an eise Schoulen eng Rei Verbesserung an Optimiséierungen am Informatikberäich ze realiséieren.
Des Weideren ass de PAP Avenue de la libération op den Instanzewee gaang. An et woren och eng Rei Décompten zur Sprooch komm. Fir d’Luxrollers ass e Subside extraordinaire gestëmmt ginn. Mat knapper Majoritéit ass de Décompte 2015 an de Budget 2016 vun der Kierchfabrik gutt geheescht ginn !
Den EDC DartClub huet sech zu Schëffleng ofgemellt – den Dossier FC Schëffleng respektiv d’Relatioun tëschent Haptveräin an der Amicale des Jeunes ass zur Sprooch komm, hei hofft d’CSV Fraktioun am Gemengerot, datt am Intressi vum Fussball a vun de Kanner geschafft ka ginn, ëmmerhin investéiert eis Gemeng bis 1,3 Mio Euro an e neie syntheteschen Terrain fir d’Trainingssituatioun ze optiméieren am domatter och dem Nowuees nei Perspektiven ze ginn –
Approbatioun vum Rapport Gemengerot Juni 2016 a verschidde Mietveträg (fir Madam Anne Determ am Centre Senior) a Contrats de fourniture de Chaleur (fir Jean-Claude Ehringer a Rueda Carlo, béid wunnen am CCAMR a ginn iwwer den Energieréseau aus der Géria beliwwert)
Nom Avis vun der Cellule d’évaluation an der Prise de Position vum Schäfferot ass dëse PAP vum Conseil gutt geheescht ginn an d’Prozedur ka weiderlafen – ausser enger Rei vu technesche Remarques, et mussen nach kleng Inkohärenze gekläert ginn, wor den Avis allgemeng positiv – et concernéiert e Neibau an der Liberatiounsstrooss laanscht déi nei Rue de Drusenheim
Dës néng Décompte sinn all approuvéiert ginn. Besonnesch d’Décomptes vun der Maison des Générations a vun der Résidence pour Seniors wore wichteg, well elo dann och nach déi ausstehend Subsiden ugefrot kënne ginn. Vun der CSV-Fraktioun ass ugereegt ginn, bei gréissere Projets dem Conseil Communal e finanziellen Tëschebilan ze presentéieren, dëst erlabt eng méi grouss Transparenz a gëtt de Conseillers d’Méiglechkeet sech iwwer de Fortgang vun den Aarbechten um Projet ze informéieren!
Zur Sprooch koum och den ominéisen Décompte vum Ëmbau vun der Albert-Wingert-Schoul, an zwar mat engem geneë Relevé vun de Frais supplémentaires, déi am Laf vum Chantier entstane sinn, dëst mat de néidegen Erklärunge vum zoustännenge Service zu den eenzelnen Zousazkäschten – Et ass eng Tatsach, dass no dem Vote vum definitive Projet 2003 iwwer 15,5 Mio vum Gemengerot nogestëmmt gi sinn, an dat praktesch ouni zousätzlech Devis! Am Décompte sinn elo 22.88 Mio effective Dépenses fixéiert / Mir schwätzen eigentlech vun engem Dépassement vu ronn 50% ….! Eng quasi éiweg Fuerderung vun der CSV läit elo um Dësch an esou kënnen dann och endlech, déi austehend Subsiden geltend gemeet ginn!
E puer Erklärungen zum Décompte:
Effektiv huet de Gemengerot nom Vote definitiv kee neien Devis méi gestëmmt.
Den deemolege Schäefferot ass nach eemol an de Gemengerot gaangen, wou decidéiert ginn ass den alen Turnsall ofzerappen an e neit Gebai ze baue fir sechs Klassesäll a net wéi ursprénglech virgesinn den alen Turnsall ëmzebauen. Dobäi ass awer keng Ännerung vum Devis gestëmmt ginn. Firwat de Schäfferot decidéiert huet net an de Gemengrot ze goen, wa Méikäschten ze erwaarde waren, ass net bekannt: Déi zousätzlechen Devis sinn all Joer duerch d’Krediter am Rectifié ugepasst ginn, mat dem de Gemengerot déi Méikäschten och akzeptéiert huet.
En Fait ass et jo esou, datt d’Upassung un den Index, d’Erhéije vum Taux vun den Architektenhonorairen an d’Erhéije vun der TVA op den Honorairë mat ronn 3.720.000,00 Supplement zu Buch schloen, also d’Halschent vun de Méikäschten.
Vun der aner Halschent vu ronn 3.746.000,00 Euro ginn der 875.000,00 Euro op de Konto vun deem, deen der Gemeng d’Approbatioun ze spéit ginn huet, wouduerch de Chantier 18 Méint méi laang gedauert huet. (hei kann een och nach déi 844.350,00 Euro dobäi rechnen, déi de Bauindex ausmécht iwwer déi 18 Méint. Deemno huet déi verspéiten Approbatioun d’Gemeng ronn 1.720.000,00 Euro méi kascht)
All dëst ware net Feeler vum Schäfferot an hunn zum Deel misste séier decidéiert ginn, ouni Zäit ze hunn de Gemengerot domatter am Virfeld ze befaassen. De deemolege Schäfferot huet deemno eng Responsabilitéit fir en Deel vun de ronn 1.234.100,00 Euro, wou Aarbechten oder Equipementer zousätzlech ausgefouert oder agebaut gi sinn, wou een och Zäit gehat hätt fir dës am Gemengerot ofzeseenen. Och hei ass en Deel Aarbechten dran, déi een och an eng aner Rubrique hätt kënne setzen an déi aus Sécherheetsgrënn néideg waren. Wann de Projet vu vireran en divers et imprévus enthalen hätt, dee normalerweis ëm déi 5% ausmécht, da wiere praktesch all dës zousätzlech Aarbechten iwwer dee Wee ofgedeckt gewiescht.
Fir d’CSV ass et wichteg aus der Erfahrung ze léieren, dofir de Virschlag vum Tëschebilan!
KONTAKT-AN INFORMATIOUNSBLAD VUN DER CSV SCHEFFLENG // JULI 2016
D‘Kulturhaus : Nei Perspektive fir Schëffleng
Schëffleng ass eng Gemeng, déi an deene leschte Joere konstant gewuess ass, an 2016 op engem Punkt ukomm ass, wouGemeng et gëllt déi richteg Weiche fir d’Zukunft ze stellen.
Dofir plädéiere mir fir e Gesamtkonzept!
Eis Gemeng muss weiderhin attraktiv an dynamesch bleiwen, an dat net nëmmen duerch seng Wunnqualitéit a seng Geschäftswelt, mä och duerch säi Fraïzait- a Kulturangebot.
Am Beräich Kultur gëtt vill gebueden an eiser Gemeng, wéi zum Beispill déi sëllechen Ausstellungen, Concerten, an Theatervirféierungen, déi vun der Gemeng oder vun de Veräiner organiséiert ginn, weisen.
Leider sinn d’Plazen, déi sech dofir eegnen, begrenzt, respektiv net méi zäitgeméiss an deelweis guer net ugepasst.
Schëffleng brauch also nei Raimlechkeeten, fir am Beräich Kultur mat der Zäit ze goen, a sech esou ze moderniséieren.
Am CSV Wahlprogramm steet geschriwwen: „… Wir wollen die Schaffung eines Kultur- und Kunsthauses für Konzerte, Theaterveranstaltungen und Ausstellungen konkret voranbringen. …“
Am Koalitiounsprogramm hun mir dëse Prinzip festgehal!!
Doropshin huet de Gemengerot am November 2014 eng Prinzipiendécisiou festgehal …
D’Prinzipiendécisiou vum Gemengerot iwwert ee méigleche Bau vun engem Kulturhaus ka Schëffleng nei Perspektiven an dësem Beräich bréngen.
CSV Schëffleng huet allerdings an hirem Infoblat vum Mount Juli 2015 folgendes festgehalen:
„Das Kulturhaus wird mit den Vereinen geplant, und auch nicht über die Köpfe der Bürger und vor allem der betroffenen Anrainer hinweg entschieden. Die Kriterien und Vorgaben sind augenfällig. Wir brauchen ein Verkehrskonzept, ein Nutzungskonzept und einen Finanzierungsplan betreffend der Machbarkeit und der Folgekosten. Die CSV wird sich jedenfalls dafür einsetzen, dass das Gesamtkonzept allen Interessierten in voller Transparenz präsentiert und offen diskutiert wird.“
Zousätzlech zu deene virgenannte Kriterie vun der CSV a punkto Verkéier, Finanzéierbarkeet, a Notzungskonzept, ass et wichteg, datt och Parkraum geschaf gëtt, souwuel fir déi zukünfteg Visiteure vum Kulturhaus, mä och fir d’Urainer vun der Place Grand-Duchesse Charlotte.
D’Buerungen, déi elo an dësem Kontext op der PGDC duerchgefouert ginn, déngen dozou, fir den Terrain samt ënnerierdesche Parking op seng Stabilitéit/ Boudenbeschaffenheet ze iwwerpréiwe fir esou d’Machbarkeet ze kläeren a fir domatter och déi direkt finanziell Auswierkunge kënnen ze berechnen.
Äntwerten, déi wichteg si fir de Gemengerot, sollt et zur Ofstëmmung iwwert ee Bau vun engem Kulturhaus kommen.
Méi wéi je steet eng CSV Schëffleng zou dësen Aussoen.
Fakt ass zum heitegen Datum, datt de Gemengerot just eng Décisioun de principe geholl huet, fir ze kucken op e Kulturhaus kann op der Place Grand-Duchesse Charlotte gebaut ginn.
Virum definitive Vote duerch de Gemengerot sinn also nach eng ganz Rei Froen ze beäntweren an administrativ Hürden ze huelen. An der Prozedur ass ausserdeem e PAP virgeschriwwen. Et gëtt hei net iwwer d’Käpp vun de Leit décidéiert!
Dat ass eis Approche am Schäfferot an och am Gemengerot.
D’CSV Schëffleng setzt sech onermiddlech a fir un enger moderner an attraktiver Gemeng matzeschaffen;
am Dialog mam Bierger.
Impressiounen vum After Work-Tour duerch Cité Emile Mayrisch.
Gutt Stëmmung trotz Donner a Reen.