KONFERENZ MAM MARC SPAUTZ

CSF an CSV Schëffleng invitéieren Iech op eng Konferenz mam Familljen- an Kooperatiounsminister Marc Spautz ,

déi Donneschdes, den 19. September 2013 em 20.00 Auer an der Salle Grand-Duc Jean an der Gemeng ofgehale gëtt.

De Minister Marc Spautz steet Iech gäre Ried an Äntwert.

CSV an CSF an Kiermeslaun

Kiermeslaun bei CSV an CSF Schëffleng mat Apéro an Paella e Sonndeg , de 14.Juli 2013 ab 11.15 Auer am Veräinshaus.

CSV_Scheffleng_Kiermes 14 juli

Umelle fir d’Paella kennt der Iech bis den 12. Juli 2013 beim Alix Bettendorf um 621742408 oder beim Jessy Morbé ënnert jmorbe@pt.lu

OVATIOUN MARC SPAUTZ

En Owend ënnert CSV-Frënn zu Éieren vum neien Familljeminister an Kooperatiounsminister Marc Spautz den 11.Juni 2013 am Veräinshaus zu Schëffleng.

NEWS: Paul Weimerskirch als CSV-Schäffen vereedegt

Als Nofolger vum Minister Marc Spautz ass de Paul Weimerskirch den 16. Mäi 2013 als Schäffen vun der Gemeng Schëffleng vum Inneminister vereedegt ginn. Un dëser Zeremonie am Inneministère hunn ausserdeem de Minister Marc Spautz, den Buergermeeschter Roland Schreiner an de Schäffen Carlo Feiereisen deel geholl.

CSV Schëffleng wënscht dem Paul Alles Guddes a bonne Chance a senger neier Funktioun.

NEWS: Yves Marchi: Neien CSV Gemengerotsmember

Nodeems de Marc Spautz den 30. Abrëll 2013 als neien Famillje an Entwécklungsminister vereedegt ginn ass, ersetzt den Yves Marchi, 36 Joer, den Marc Spautz am Schëfflenger Gemengerot.

CSV Schëffleng wënscht dem Yves vill Erfolleg a senger Funktioun als Conseiljee.

 

 

NEWS: FELICITATIOUN MARC SPAUTZ

CSV Schëffleng felicitéiert vun Häerzen dem Marc Spautz a senger neier Funktioun als Minister fir d’Famill an d’ Integratioun an och als neien Entwécklungsminister.

CSV Schëffleng ass houfreg op Entscheedung vum Staatsminister a wënscht dem Marc nëmmen dat Bescht a senger neier Missioun.

01-portrait-spautz-marc