Op de Punkt: Februar 2014

CSV: Neies aus der Gemeng Schëffleng

Folgend Punkten sinn am neisten Op de Punkt beliicht ginn.

Introduktioun: Léif Matbierger vum Sektiounspresident Feiereisen Pierrot

Vill Gléck Marc: Ernennung vum Marc Spautz zum neien CSV Nationalpresident

Invitatioun – Am Gespréich mam Bierger

Erausfuerderungen vum Schäffen Weimerskirch Paul

Was kümmert mich mein Geschwätz von Gestern

D’ CSV Schëffleng seet JO ……

CSF: Ausfuch op Aachen an Invitatioun CSF-Europa Donna zum Thema Broschtkriibs

ODP-Schifflange-février 2014

 

 

 

 

 

AM GESPREICH MAM BIERGER

D’ CSV Schëffleng invitéiert Iech op eng ëffentlech Versammlung

AM GESPRÉICH MAM BIERGER

E Méinden, den 31. Mäerz 2014 ëm 19.30 Auer
An der Buvette “Drëtt Halbzäit” vum Centre Sportif

Ënnert dem Motto e Bléck op eis Gemeng oder “Wéi soll sech Schëffleng an deene kommende Joere veränneren?” – beliichten d’CSV Vertrieder aus dem Schäffen- a Gemengerot déi kommunalpolitesch Aktualitéit an d’Entscheedunge vun deene leschte Méint a Wochen, ouni déi grouss Erausfuerderunge fir d’Zukunft ze vergiessen.
Zukünfteg Erausfuerderunge sinn ënnert anerem: d’Wunn a Liewensqualitéit, d’Parkplazesituatioun, déi nei Entrée vu Schëffleng, déi geplangte
Suppressioun vun de Barrière mat der geplangter Ënnerféierung am Duerf, d’Industriezone ‚Um Monkeler’, déi nei Industriezone ‚op Herbett’
an eis Geschäftswelt.

Zesumme mat Iech diskutéiere mir dës an verschidden aner Themen!
Fir all Froen stinn déi verschidde CSV-Vertrieder Ried an Äntwert.
CSV Schëffleng am Gespréich mam Bierger – Är Meenung zielt!

Marc Spautz als Teamplayer (LW090214)

Frei von Koalitionsräson“

Marc Spautz sieht seine neue Rolle als Teamplayer

Der neue CSV-Parteichef Marc Spautz. (Foto: Anouk Antony)

(mas) – Marc Spautz will die Oppositionszeit der CSV dazu nutzen, die Positionen seiner Partei „frei von Koalitionsräson“ klarer und präziser zu formulieren und zu vermitteln. „Wir können fortan unsere Prinzipien und Positionen konkreter durchsetzen“, so der neue CSV-Chef im Interview mit dem „Luxemburger Wort“.

Seine neue Rolle versteht er als Teamplayer. Kompetenz und Erfahrung seiner Mitstreiter sollen gewinnbringend verwertet werden, so Spautz. Beispiel Bildungspolitik: Bei die Orientierung in der Berufsausbildung könnten sich die beiden neuen Vize-Präsidentinnen der Partei, Martine Hansen und Françoise Hetto-Gaasch aufgrund ihrer Ministererfahrungen konstruktiv einbringen.

Auch die drei unterlegenen Bewerber um den Posten des Generalsekretärs will er bei der künftigen Ausrichtung der Partei „mit ins Boot“ nehmen.

Mit 80,4 Prozent der Stimmen wurde Marc Spautz am Samstag zum neuen CSV-Pràsidenten gewählt.

Marc Spautz: Neien CSV Parteipresident

Parteipresident Marc Spautz

 

Deng Frënn vun der CSV Schëffleng felicitéieren Dir fir deng nei Aufgab un der Spëtzt vun eiser Partei, ënnerstëtzen däin Elan a wënschen der vill Erfolleg fir Zukunft getrei dem Motto: Zesummen no vir kucken.