20 Engagementer fir d’Zukunft vum Land

1 – MIR MAACHE LËTZEBUERG FIT FIR D’ZUKUNFT

Politik muss op d’Zukunft ausgeriicht sinn. D’Politik fir muer gëtt haut decidéiert. Se muss muer finanzéierbar bleiwen.

Et geet dorëms, Erausfuerderungen ze erkennen, déi aktuell Situatioun realistesch anzeschätzen an déi längerfristeg Finanzéierbarkeet vu Moossnamen a Reformen ze

plangen.

Fir d’CSV ass et an Zäite vu wirtschaftlechem Wuesstem eng absolut Noutwendegkeet, sech ambitionéiert a positiv Budgetsziler ze setzen:

  • Mir suerge fir e Budget ouni Defizit;
  • Mir bauen d’Staatsschold of;
  • Mir leeë Reserven un fir Lëtzebuerg krisefest ze maachen.

 

2 – MIR STELLEN D’FAMILL AN DE MËTTELPUNKT

D’Politik muss de Familljen d’Méiglechkeet ginn hire Liewensmodell fräi ze wielen a sech kënnen z’organiséieren, fir datt Eltere méi Zäit fir hir Kanner hunn.

Se däerf sech dobäi net eleng fir ee bestëmmte Modell vum Zesummeliewen an der Organisatioun vun de Familljen ausschwätzen.

Fir de Choix ze garantéieren, wäerte mir:

  • de „Congé parental“ méi flexibel gestalten a verlängeren;
  • d’Babyjore fir Leit, déi decidéiert hunn, zäitweileg mat schaffen opzehalen, vun zwee op dräi Joer erweideren;
  • erëm eng „Allocation d’éducation“ no soziale Critèren aféieren;
  • déi professionell Reintegratioun grad ewéi Deelzäitaarbecht fërderen;
  • schrëttweis eng gratis Kannerbetreiung an der Grondschoul aféieren;
  • eng gratis Hausaufgabenhëllef fir all Kand aféieren;
  • d’Offer vu Kannerbetreiung ausbauen a verbesseren.

Virun allem kannerräich a sozial méi schwaach Famillje brauchen ëffentlech Ënnerstëtzung.

– Mir féieren eng zousätzlech Allocatioun fir sozial méi schwaach Famillje mat dräi oder méi Kanner an.

 

3 – MIR GI LËTZEBUERG E GESONDHEETSPLANG

Et ginn eeschthaft Defiziter an der Steierung, der Organisatioun, der Planifikatioun an der Qualitéitssécherung an eisem Gesondheets- a Sozialsecteur. Déi vill Diskussiounen an der Lescht iwwer déi national Spidolsplanung, d’Waardezäite fir noutwendeg Analysen (IRMen an esou

weider), déi laang Waardezäiten an den Urgencen an d’Iwwerhuele vun de Käschte vun nëtzleche Behandlungen a Medikamenter weisen dëst däitlech.

D’Gesondheets- a Sozialpolitik vun de leschten 30 Joer huet et net fäerdegbruecht de Gesondheetssecteur op d’Erausfuerderunge vun enger wuessender Bevëlkerung an engem integréierten europäeschen Ëmfeld am digitalen Zäitalter virzebereeden.

Lëtzebuerg brauch haut e kloert Konzept fir seng Gesondheet. De Patient muss am Mëttelpunkt vum Gesondheetssystem stoen.

Mir leeën dofir e kohärente Gesondheetsplang vir, deen op folgende Pilieren opbaut: Präventioun, medezinesch Grondversuergung, Spidolsplanung, ambulant Behandlung, Geriatrie a Fleeg.

Hei sinn d’Haaptpunkte vun eisem Plang:

  • Mir organiséieren d’Urgencen nei (intern Organisatioun, Ëffnungszäite ronderëm d’Auer, noutwendegt Personal an noutwendeg Mëttelen);
  • Mir schafen néideg medezinesch-technesch Apparater un (IRMen an esou weider) a weiden d’Ëffnungszäiten aus;
  • Mir maache regional Diagnos- an Therapiezentere méiglech;
  • Mir passen déi veraalt Nomenclature un (Lëscht vun deenen Akten an Therapien, déi d’Doktere kënnen ubidden a mat der Gesondheetskeess ofrechnen);
  • Mir maache multidisziplinär Dokteschpraxe méiglech;
  • Mir bauen d’Netz vun de „Maisons médicales“ aus a passen dëst Netz regional un;
  • Mir schafen Zwëschestrukturen ausserhalb dem Spidol, zum Beispill fir Nobehandlungen;
  • Mir bauen déi ambulant Medezin aus.

 

4 – MIR BRÉNGEN EIST LAND SOZIAL NO VIR

Mir brauche weiderhin een zolidd soziaalt Netz. Mir halen u wichtegen Acquise fest. Mir setzen nei Akzenter.

– Mir féieren en degressive Steierkredit fir Mindestlounempfänger an a wäerten de Grondfräibetrag an der Steiertabell erhéijen.

– Mir passen de Mindestloun reegelméisseg un d’Lounentwécklung un.

– Mir stinn och zum Indexsystem a si fir eng weider steierlech Entlaaschtung vun den niddrege Léin.

– Mir passen d’Steiertabell reegelméisseg un d’Inflatioun un.

– Mir féieren d’Steierklass 1A méi no un d’Steierklass 2 erun. Mir setzen d’Zäit vun dem Iwwerganksregimm vun der Klass 2 an d’Klass 1A vun dräi op fënnef Joer erop.

– Mir flaachen de Mëttelstandsbockel duerch d’Upassung vun de Steierkreditter of.

 

Wéinst de Verännerunge vun der Gesellschaft a vun der Aarbechtswelt muss d’Aarbechtszäitorganisatioun iwwerduecht ginn. Neireegelunge mussen den Intressie vun alle Bedeelegte Rechnung droen.

– Mir féieren e legale Kader fir d’Teleaarbecht an.

– Mir mussen d’Digitaliséierung personalgerecht begleeden a passen d’Aarbechtsrecht an dësem Sënn un.

De Sozialdialog an de Betriber bleift e privilegiéierte Prozess, dee mir onbedéngt stäerke wëllen.

– Mir passen de legale Kader nei un, well déi jéngst Reform gëtt enger Stäerkung vum Sozialdialog net gerecht.

Den institutionaliséierte Sozialdialog brauch en neien Otem.

– Mir stinn zur Sozialpartnerschaft a setzen eis fir nei Weeër vum Mateneen tëscht de Sozialpartner an.

 

5 – MIR MAACHEN OCH POLITIK FIR DÉI EELER LEIT

Politik fir déi eeler Generatiounen ass ee wichtegen Deel vun enger gerechter Sozialpolitik. Mir ginn op hir spezifesch Uleies a Besoinen an.

– Mir suergen dofir, datt genuch Fleegebetter a Better a Strukture fir eeler Leit am Land geschafe ginn. Souwuel Laangzäit- ewéi Vakanzbetter ginn zousätzlech zur Verfügung gestallt. Dofir leeë mir e spezifeschen Aktiounsplang fir Seniore vir.

– Mir stelle sécher, datt all déi néideg a sënnvoll Leeschtungen an der Fleegeversécherung erëm gesetzlech agefouert ginn. Leeschtungskierzungen, wéi déi vun dëser Regierung, sinn de falsche Wee. D’Fleegeversécherung muss och an d’Zukunft déi Leeschtungen iwwerhuelen, déi al a krank Leit brauchen.

– Mir bauen déi ambulant Kranken- an Alefleeg aus an ënnerstëtzen Initiativen am Beräich Telemedezin.

Dëst gëllt och fir alternativ Wunnformen, déi eeler Leit integréieren.

– Mir féieren e gratis Abonnement op den ëffentlechen Transport fir déi Mënschen an, déi de Führersch.in aus Gesondheetsgrënn am Alter net méi verlängert kréien.

 

6 – MIR SÉCHEREN DE RENTESYSTEM LAANGFRISTEG OF

Mir notzen de positive wirtschaftleche Kontext fir eng Pensiounsreform an d’Weeër ze leeden. Eist Zil ass et eng laangfristeg Ofsécherung vum System ze garantéieren.

Déi offiziell Zuele beleeën, datt handelen noutwendeg ass.

– Mir diskutéieren direkt mat de Sozialpartner iwwer eng Reform. Et gi keng Pensioune gekierzt. Mir wëllen d’Versprieche vun haut laangfristeg ofsécheren. Mir wëllen awer och muer sécher Rente garantéieren.

 

7 – MIR LIEWEN EIS SPROOCH AN IDENTITÉIT

Fir d’Land an d’Zukunft ze féieren, muss een onbedéngt d’Identitéit vu Lëtzebuerg kennen, se erhalen a fleegen.

An de Schoulen, an der Kultur, am Alldag.

Eis Identitéit ass déi vun engem oppene Land. Dat wëlle mir bleiwen. En zentraalt Element vun eiser Identitéit ass d’Lëtzebuerger Sprooch.

– Mir fërderen eis Sprooch als Integratiounsinstrument.

Hei ass virun allem d’Schoul gefuerdert. Ab dem éischte Cycle vun der Grondschoul soll d’Leiere vum Lëtzebuergesche konsequent ënnerstëtzt ginn.

– Mir ënnerstëtzen Initiativen, virun allem och an de Betriber an den Institutiounen (Kliniken an esou

weider), déi op d’Lëtzebuergesch setzen a Coursen ubidden. Hei setze mir d’finanziell Ënnerstëtzung, déi dës Regierung gekierzt huet, erëm erop.

D’Fërdere vun der Lëtzebuerger Sprooch als Kommunikatiouns- an Integratiounssprooch wëlle mir konsequent a pragmatesch ugoen. Och bei de Lëtzebuerger selwer.

– Mir bidden zousätzlech Méiglechkeete fir d’Sprooch ze léieren an d’Schreifkompetenz ze entwéckelen un.

 

8 – MIR SETZEN OP EN OPPENT LAND VUM ZESUMMELIEWEN

Eng vun de Stäerkte vu Lëtzebuerg ass seng oppe Gesellschaft.

Op dës Stäerkt wëlle mir weiderhi setzen.

Mir wëllen eisen auslännesche Matbierger hëllefen, sech méi séier kënnen ze integréieren. Dëst soll ganz besonnesch iwwert de Wee vun der Sprooch geschéien.

– Mir ënnerstëtze lokal an national Initiativen an dësem Sënn. Wahlrecht an Nationalitéit bleiwen enk unenee gebonnen.

Den auslännesche Matbierger hir Stëmme mussen awer gehéiert ginn.

– Mir maachen dofir eng Reform vum nationalen Auslännerrot, fir datt auslännesch Matbierger politesch besser vertruede sinn a sech och besser vertruede spieren.

 

9 – MIR IWWERHUELE VERANTWORTUNG AN DER FLÜCHTLINGSPOLITIK

D’Europäesch Unioun huet eng Migratiounskris ze bewältegen. Lëtzebuerg ass gefuerdert a muss säin Deel u Verantwortung iwwerhuelen. D’Opnam an d’Betreiung vu Flüchtlinge mussen allerdéngs effizient a kohärent organiséiert ginn.

– Mir schaffe kloer Reegelen aus, wat d’Responsabilitéite vum Staat, de Gemengen an den Hëllefsorganisatioune sinn.

– Mir setzen en Dräi-Phase-Plang ëm:

1 – First-Response;

2 – während der Prozedur;

3 – no der Prozedur.

– Mir wäerten d’Gemenge proportional un den nationale Beméiunge bedeelegen. Bei der Verdeelung vun unerkannte Flüchtlingen tëscht de Gemengen solle Quote gëllen an duerchgesat ginn, wann déi interkommunal Solidaritéit verseet.

 

10 – MIR LEEDEN A BEGLEEDEN INTELLIGENTE WUESSTEM

Mir brauche Wirtschaftswuesstem. Mir wëllen awer en organiséierte Wuesstem, dee mir gemeeschtert kréien.

Mir wëlle virun allem qualitativ, net quantitativ wuessen. Eise Prinzip ass et, de Wuesstem ze leeden an ze begleeden:

– Mir bréngen nei Entreprisen an domat Aarbechtsplazen op Lëtzebuerg, déi bei eis Ekonomie an eist Land passen.

– Mir schaffen aktiv un der wirtschaftlecher Diversifizéierung.

Am Kader vun enger nohalteger Wuesstemsstrategie fir Lëtzebuerg. An dësem Sënn iwwerschaffe mir eis Promotiouns-, Standuert-, Investitiouns- a Steierpolitik.

 

 

11 – MIR INVESTÉIEREN AN INNOVATIOUN

D’Land brauch eng Wirtschaftspolitik, déi nei an innovativ Aktivitéite méiglech mécht.

– Mir entwéckele Lëtzebuerg zu enger Referenzplattform am Beräich vun der Digitaliséierung.

– Mir bréngen d’Universitéit, d’Fuerschung an d’Betriber méi no beieneen.

– Mir maache Fuerschung an Innovatioun zu enger budgetärer Prioritéit.

– Mir ënnerstëtzen zukunftsträchteg Sparten, wéi d’Kreeslafwirtschaft an den Opbau vun engem unerkannten „Health Hub“ (dee medezinesch Fuerschung an ekonomesch Aktivitéit vereent) finanziell a steierlech.

– Mir entwéckelen déi klassesch Cluster (ekonomesch Zukunftssparten) vu Lëtzebuerg, de Finanz- an de Versécherungssecteur, d’Informatiounstechnologien (ICT), d’Biotechnologien an de Logistiksecteur konsequent weider.

– Mir bauen d’Potenzial vun de Weltraumtechnologien aus.

D’Land brauch fir Betriber e gënschtegt steierlecht Ëmfeld. Betriber brauchen Entwécklungsperspektive fir Aarbechtsplazen ze schafen. D’CSV ass fir eng laangfristeg Steierstrategie bei der Betribsbesteierung.

– Mir reduzéieren de sougenannten „Taux d’affichage“ a Richtung 20 Prozent.

– Mir erweidere gläichzäiteg déi steierlech Berechnungsbasis. Déi Kleng- a Mëttelbetriber an d’Handwierk musse speziell gehollef kréien.

– Mir stellen de Betriber Kompetenzzentren zur Säit, déi hinnen zum Beispill hëllefen, déi digital Erneierung ëmzesetzen.

– Mir passen de Steiersystem am Sënn vun de klengen a mëttlere Betriber un.

– Mir wëlle Steierimmunitéit fir geplangten Investissementer.

– Mir setzen eis dofir an, datt d’SNCI verstäerkt fir Kleng- a Mëttelbetriber do ass.

– Mir begleede familienintern Betribsiwwernahme steierlech.

– Mir reforméieren d’Beruffsausbildung am Intressi vun de Betriber.

– Mir gestalten d’Meeschterprüfung nei.

 

12 – MIR FËRDEREN D’LANDWIRTSCHAFT ALS ZUKUNFTSSECTEUR

Mir ënnerstëtzen eis Liewensmëttelproduktioun, d’Veraarbechtung an d’Vermaartung vun eise Produkter konsequent.

– Mir ënnerstëtzen Informatiounscampagnen iwwer d’Landwirtschaft, déi de Konsument an d’Landwirtschaft erëm méi no beienee bréngen.

– Mir schaffen esouwuel ee Bio-Aktiounsplang, wéi och een Aktiounsplang zur Fërderung vun eise regionale Produkter aus. Déi konventionell an déi biologesch Landwirtschaft si keng Géigner, se si komplementar.Mir brauchen eng diversifizéiert, innovativ Landwirtschaft.

– Mir schafen zu Gilsdref e Kompetenzzentrum, eng Ulafstelle fir eis Landwirtschaft, wou sämtlech Acteure vum Secteur agebonne ginn an interagéieren.

– Mir ënnerstëtze geziilt d’Digitaliséierung, och am Secteur vun der Landwirtschaft.

– Mir reduzéieren den administrativen Opwand a schafen e „guichet unique“ am Beräich vun de Baugeneemegungen, esou wéi bei Betribsiwwernahmen. Landwirtschaftspolitik ass och Ëmweltpolitik.

– Mir schafe positiv Ureizer fir aktiven Ëmweltschutz, suerge fir déi noutwendeg Berodung an een Opweise vun Alternativen.Eng gutt Landwirtschaftspolitik erfuerdert Participatioun.

– Mir institutionaliséieren e reegelméissegen Austausch mat allen Acteuren.

 

13 – MIR STARTEN ENG NEI MOBILITÉITSOFFENSIV

Mobilitéitskonzepter mussen un déi laangfristeg demographesch Entwécklung ugepasst ginn.

– Mir starten eng nei Mobilitéitsoffensiv. Dës Offensiv gesäit konkret Projete vir. Si deckt a koordinéiert all Beräicher vun der Mobilitéit of (Tram, Bunn, Strooss, Vëlo a Foussgänger). Verschidde konkret Moossnamen ergräife mir esou séier, wéi méiglech, e.a.:

– Mir bauen den Tram an Zuchstrecken aus.

– Mir erweideren d’Haaptautobunnen op 2 x 3 Spuren.

– Mir schafen en Héichleeschtungssystem fir Bussen, déi an de Peripheriezone vun der Haaptstad, an der Nordstad, grad ewéi an den urbanen Zentren am Süde vum Land zirkuléieren.

– Mir bauen d’West-Tangente, erweideren d’N7 op véier Spueren, an huelen de Contournement vu Märel, Zéisseng, Hesper-Alzeng/Nidderkäerjeng-Dippech, Dikrech, Ettelbréck, Feelen, Clierf, Housen, Ëlwen, Conter a Miersch (Mierscherbierg) an Ugrëff.

– Mir bauen nei Garen zu Hollerech/Zéisseng, Dummeldeng an Ettelbréck an entlaaschten d’Stater Gare duerch Bypassen.

 

14 – MIR SCHAFE BEZUELBARE WUNNRAUM

Besonnesch jonk Famillje brauche bezuelbare Wunnraum.

Mir wäerten d’Offer u bezuelbarem Wunnraum drastesch erhéijen.

– Mir weise grouss Bauzonen a sektorielle Pläng aus.

– Mir ginn dem Staat d’Mëttel fir ongenotzte Bauterrainen opzekafen.

– Mir si fir eng verstäerkt Inneverdichtung, iwwerall do, wou eng gutt Ubannung un den ëffentlechen Transport besteet.

– Mir suergen dofir, datt zukünfteg PAG-Ofännerungen zousätzlecht Bauland ausweise kënnen.

– Mir féieren eng staatlech festgeluechten Tax an, fir déi aus Spekulatiounsgrënn onbebauten Terraine wesentlech méi héich kënnen ze besteieren.

– Mir féieren de Mietkauf an de „Contrat de mise à disposition“ an.

– Mir erweideren de Steiersaz vun dräi Prozent beim Akaf vun éischte Wunnenge fir jonk Familljen.

– Mir schafe méi sozialen a bezuelbare Wunnraum, andeem’s mir dëst materiell méi héich ënnerstëtzen. Méi séier bauen ass e wichtegt Zil.

– Mir vereinfachen d’Methoden an d’Prozeduren. Sämtlech entspriechend Gesetzestexter mussen dofir verbessert kënne ginn. Eng zentral Ulafstell soll sämtlechen Acteuren am Beräich vum Wunnengsbau ënnerstëtzend zur Säit stoen.

– Mir schafen eng nei staatlech Ariichtung fir d’Fërdere vum Wunnengsbau.

 

15 – MIR SETZEN OP DE MODELL VUN DER „CIRCULAR ECONOMY“

Fir eis sinn déi aktuell Klima- an erneierbar Energieziler eng Prioritéit vun eiser Politik. Dës Ziler sinn: d’Reduktioun vun de CO2-Emissiounen ëm 40 Prozent bis 2030 (am Verglach zu 1990) an den Undeel un erneierbaren Energië bis 2030 op 32 Prozent ze erhéijen.

Den Iwwergank vun der renger Entsuergungslogik zu enger kreeslaforientéierter Notzung vun de Materialien a vun de Ressourcen, der sougenannter „Circular Economy“ (Kreeslafwirtschaft), ass d’Grondlag fir nei oder wuessend Wirtschaftssecteuren.

– Mir ënnerstëtzen innovativ Betriber an Initiativen an dësem Beräich konkret, wat och eng Eegendynamik fërdert.

– Mir féiere Fuerschung a Produktioun an dësem Beräich intelligent zesummen.

– Mir bauen op Zentre vun der Kreeslafwirtschaft am Norde vum Land, déi hei eng Modellroll bei der Entwécklung vun neien ekonomesche Perspektive solle spillen.

 

 

16 – MIR STÄERKEN EIS GEMENGEN

Mir brauche staark Gemenge fir eise Wuesstem ze leeden an ze begleeden. Mir brauchen och staark Gemengen fir de Bierger iwwerall am Land effikass kommunal Déngschtleeschtungen unzebidden.

– Mir ginn de Gemenge méi Kompetenzen, stelle se besser technesch an administrativ op a maache se domat méi autonom.

– Mir setzen am Dialog mat de Gemengen eng Territorialreform mat enger neier Gemengekaart vum Land, enger neier Kompetenzopdeelung an engem ugepasste Gemengefinanzgesetz a Funktionementsmodus ëm.

– Mir stäerken de Buergermeeschterposte an dësem Kontext. Dëse soll en haaptberuffleche Poste ginn.

Mir trennen d’Mandat vum Deputéierten an dem Buergermeeschter a schafen en nationaalt Vertriedungsorgan fir d’Buergermeeschteren.

Iwwer dës gesamt Territorialreform soll per Referendumofgestëmmt ginn.

 

17 – MIR STINN ZUM NEIE VERFASSUNGSTEXT

Lëtzebuerg brauch eng nei Verfassung. Mir hunn eis an der Debatt an an den Aarbechte ronderëm déi nei Verfassung staark an der Chamber agesat.

– Mir sinn duerfir, datt d’Verfassungsreform ugeholl gëtt.

– Mir organiséieren direkt am Ufank vun der neier Legislaturperiod eng breet ëffentlech Diskussiounsan Erklärungsphase mat de Bierger. Mir wäerte mat de Leit iwwer déi nei Verfassung diskutéieren. Duerno soll dann an engem nationale Referendum iwwer den neien Text vun eiser Verfassung ofgestëmmt ginn.

 

18 – MIR GARANTÉIERE SÉCHERHEET A PROXIMITÉIT VUN DER POLICE

Sécherheet ass e Biergerrecht an och e wesentlechen Deel vun der Liewensqualitéit vun all Eenzelen. Duerfir mussen d’Proximitéitsaarbecht an d’Präventioun fundamental Aufgabe vun eiser Police bleiwen.

– Mir suergen dofir, datt d’Proximitéit ewéi e roude Fuedem duerch d’Aarbecht vun der Police geet. Se déngt dem Erhale vun de biergerleche Fräiheeten.

– Mir passen d’Aufgaben, d’Mëttel an d’Ausbildung vun de Polizisten opgrond vun den deeglechen Ufuerderungen un an definéiere se deelweis nei.

– Mir féieren de Platzverweis an.

– Mir schafen eng Policeunitéit fir den ëffentlechen Transport.

 

19 – MIR MAACHEN ENG SCHOUL VUM ERFOLLEG MÉIGLECH

Mir brauche motivéiert, fachlech a pädagogesch gutt Enseignanten, déi sech op d’Schoul hale kënne konzentréieren.

– Mir institutionaliséieren ee reegelméissegen Austausch mat de Schoulpartner.

– Mir reduzéieren den administrativen Opwand a passen de Stage am Sënn vu Coaching un.

– Mir féieren e Pilotprojet vun enger Schoulleedung an der Grondschoul an. Eis Méisproochegkeet muss weiderhi gefërdert ginn.

– Mir iwwerschaffen de Sproochenunterrecht (Programmer, Methodik, Didaktik an Evaluatioun). Lëtzebuergesch ass dobäi als Integratiounssprooch en zentraalt Element. Mir gestalten de Sproochenunterrecht am Lycée méi flexibel a féieren Englesch ab 7e an. Mir wëllen d’Schüler optimal op d’Erausfuerderunge vu muer preparéieren.

– Mir diversifiéieren déi schoulesch Offer zousätzlech a passen se besser un déi verschidde Bedierfnesser vun de Kanner a Jugendlechen un. Eng breet Offer ass en absolute Virdeel a keng Ursaach vu schouleschem Mësserfolleg. Eng Villfalt vun ënnerschiddleche Schoulen eleng kann awer net d’Léisung sinn.

– Mir féieren eng gratis Hausaufgabenhëllef am Sënn vun der Chancëgerechtegkeet an.

– Mir fërdere geziilt sougenannten „future skills“. Mir stellen, ausgoend vun de bestoenden Initiative fir den Interessi un der Technik, der Science, dem Entrepreneurship ze fërderen, e Gesamtkonzept op.

– Mir wäerten d’Beruffsausbildung op. Eist Handwierk brauch héichqualifizéiert Leit. Mir verbesseren d’Orientéierung a féieren déi sougenannte „Berufsfindungstests” flächendeckend an.

– Mir bauen déi berufflech Héichschoulausbildung aus. Mir diskutéieren den aktuelle Gesetzesprojet mat alle Partner a maache falls noutwendeg Upassungen. Mir sti fir eng qualitativ héichwäerteg an attraktiv Héichschoul-, Fuerschungs- an Innovatiounslandschaft.

– Mir verbanne Fuerschung an Innovatioun nach besser mat der Wirtschaft.

– Mir féieren Innovatiouns-Voucheren an.

– Mir setzen an den eenzele Fuerschungszentren „Cellule PME“ als direkten Uspriechpartner fir d’Betriber an.

 

20 – MIR ENGAGÉIEREN EIS FIR E STAARKT EUROPA

Déi europäesch Integratioun war an ass e Projet fir d’Bierger. Et ass e Projet fir d’Mënschen an Europa. Et ass e Projet, deen op gemeinsame Wäerter opgebaut ass.

– Mir verdeedegen dës Wäerter zesummen a konsequent. Nëmmen, wann Europa méi Sécherheet, méi sozialen Ausgläich, méi Wuesstem, méi Aarbechtsplazen an allgemeng méi Liewensqualitéit bedeit, kann et och iwwerzeegen.

Fir d’CSV féiert kee Wee laanscht d’Weiderféierung vum gemeinsame Projet Europa. Weder déi eenzel Memberstaaten, nach d’EU an hirer aktueller Form si staark genuch, fir d’Zukunft ze meeschteren.

– Mir ënnerstëtze Reformen am Sënn vun enger méi enker Kooperatioun. D’Erhale vun der Sécherheet, d’Iwwerwaachung vun den EU-Grenzen an déi gemeinsam Aussepolitik sinn d’Schwéierpunkte vun dëser Kooperatioun a vun enger gedeelter Verantwortung. Am Intressi vun de Bierger vun Europa.

 

Méi iwwert eise Wahlprogramm fënnt där hei.