CSV REAKTIOUN OP DÉI VERBAL ENTGLEISUNG VUN DER LSAP SCHËFFLENG

An der leschten Editioun vu der LSAP Zeitung “Pluspunkt” sinn eng Rei Aussoen iwwer CSV Kandidaten publizéiert ginn déi net der Wourecht entspriechen. CSV Schëffleng well déi verschidden Aussoen richteg stellen.

Hei ass eis Reaktioun op déi verbal Entgleisung vu der LSAP Schëffleng. 

Firwat déi Nervositéit bei der LSAP ?

Mir sinn an der leschter Ligne droite vun de Wahlen. E Sonnden decidéiert de Wieler. Bis elo ass de Wahlkampf an eisen Aen, sécherlech mat de puer Nuancen a klenge Bmols, fair a gutt verlaf. All Partei huet seng Kandidaten, säi Programm a seng Iddeeë presentéiert, déi eng mat vill Ophiewes, déi aner mat manner Gedeessems.

D’CSV Schëffleng huet säi Wahlkampf, fräi nom Motto „fair, no & gerecht“ gemaach. E Wahlkampf en „bonne âme et conscience“.

Bei dëse Wahlen geet et ëm d’Zukunft vu Schëffleng, ëm d’Wuel vun de Matbierger, ëm d’Entwécklung vun eiser Uertschaft, ëm d’Zesummeliewe, ëm de Mateneen ! Et ass dat, wat zielt!

Eis Kandidaten, eng Lëscht vu Leit mat ënnerschiddleche Kompetenzen, eng Lëscht vun der Erfarung, der Erneierung an der Kontinuitéit. Leit aus Ärer Mëtt, déi, jiddereen op seng Aart a Weis, mat Engagement fir d’Schëfflenger Leit wäert do sinn. Dat ass eis Philosophie, dat ass a bleift eis Approche fir dës Wahlen.

Verschriwwen! Ausgeruscht! Vertrëppelt!

Mat groussem Bedaueren, nee vrun allem Erstaunen, hu mir misste feststellen, datt am leschte Blat vum Koalitiounspartner LSAP, net de Ball, mä de Mann (d’Fra) gespillt ginn ass. Et ass sech verschriwwe ginn an der Wiel vun de Wierder. E besonneschen Ausrutscher ass d’Afrostellung vum Pierrot Feiereisen als Spëtzekandidat vun der CSV Schëffleng.

D’CSV Kandidate regrettéieren, dass an der leschter Woch de Prinzip vun engem fairen Wahlkampf net méi respektéiert gëtt! Eng nervös Excitatioun vun de Sozialisten? De Virworf vum Populismus an der Demagogie vis-à-vis vun der CSV ass méi ewéi deplacéiert! Fair Kommunalpolitik (e faire Wahlkampf) gesäit anescht aus. Een Zeeche vu Nervositéit? D’Fro stellt sech, firwat dëse Gedankegaang, elo eng Woch virun de Wahlen!

MatNodrockwëllemireisgéintdësAussoe wieren.

D’CSV Kandidate reagéiere mat Fakten a stelle folgend Punkte kloer:

  • D’CSV huet kee selbsternannte Spëtzekandidat. Partei-intern Gremien hunn de Pierrot Feiereisen eestëmmeg als Spëtzekandidat nominéiert.
  • Zu der Fro vun der Schléissung vun den dräi Barrières, verbonne mat enger neier Entrée a Schëffleng eran, bleift d’CSV bei hirer Meenung. Säit 2010 setzt d’CSV sech fir eng Verbindungsstrooss (route d’Esch – iwwer d’Friches ArcelorMittal) op der Héicht vum Rio an. D’Schléissung vun der Barrière op der Héicht vum Rio koppelt d’CSV mat eben dëser neier Verbindungsstrooss. D’Rekonversioun vun de Friches ArcelorMittal bidden hei och nach Méiglechkeeten un.
  • D’CSV ass frou doriwwer, datt d’LSAP sech der Meenung vun der CSV uschléisst.
  • D’CSV wäert sech an dësem Sënn fir Schëffleng engagéieren. D’CSV ass ee kompetenten an dialogbereete Partner fir eis Matbierger, an ass respektvoll am Ëmgang mat deenen anere politesche Parteien.

E Sonnden huet de Wieler dat lescht Wuert! Hien decidéiert.

Mär, d’CSV Kandidaten, bleiwen dobäi:

FAIR, NO & GERECHT.

SCHËFFLENG LIEWEN – CSV WIELEN. DEN 8. OKTOBER 2017 – D’CSV, LËSCHT 3!

FEU_Schifflange_flyer_wahlkampf