NEI PERSPEKTIVEN

Offréieren d‘ArcelorMittal-Frichen nei Entwécklungsperspektive fir eis Gemeng? Sinn och nei verkéierstechnesch Solutioune fir Schëffleng méiglech?

Jo, seet CSV Schëffleng a plädéiert fir eng Nei Verbindungsstrooss tëschent Esch a Schëffleng matzeplangen. 

Wéi déi zukünfteg Ausriichtung um fréieren Areal vun der Schëfflenger Schmelz kann ausgesinn, ass zum aktuellen Zäitpunkt nach reng Spekulatioun.

Gewosst ass allerdéngs, dass ënnert der Leedung vun Agora (zoustänneg fir d’Koordinatioun vum Projet) Maachbarkeetsstudien a Buedemanalysen zwecks Iwwerpréiwung vum Verschmotzungsgrad an  d’Weeër geleet sinn. Dës Faisabilitéitsetüde sinn d’Basis vun de weidere Diskussiounen.

Parallel gëtt d’Revalorisatioun vun de Friche vun dräi Comités d’accompagnement, mat Vertrieder aus der Schëfflenger an Escher Gemeng, an vu sechs verschiddenen techneschen Aarbechtsgruppen begleet.

Hei gi Froe ronderëm déi urbanistesch Erausfuerderungen un de Site an d’Kompatibilitéit mat de lafende Planungen an de Gemengen analyséiert. Gläichermoosse ginn och verkéierstechnesch Iwwerleeunge mat e.a. der Ubannung vum Site un d’Autobunn an d’Verbesserung vun der Verkéierssituatioun ronderëm Esch a Schëffleng diskutéiert. Weider Schwéierpunkte sinn e.a. den ekonomesche Developpement, d’Biotopvernetzung a vill aner infrastrukturell Froen. Fir d’CSV Schëffleng ass et wichteg de Site esou ze entwéckelen, datt d’Liewes- a Wunnqualitéit an eiser Gemeng optiméiert ka ginn.

Äntwerten dozou sinn net virum Hierscht 2017 ze erwaarden. Mir bleiwen um Ball!

CSV wëll Schëfflenger Interesse verteidegen D’Schléisse vun deenen dräi Barrièren zu Schëffleng bréngt verkéierstechnesch, urbanistesch an och sozial Verännerunge mat sech! Virun allem déi verkéierstechnesch Konsequenzen am Zentrum / am Duerfkär sinn haut nach net integral ofzeschätzen.

Baséierend op dem CSV Wahlprogramm 2011, widderhëlt d’CSV Schëffleng mat Nodrock hir Fuerderung no enger neier Verbindungsstrooss op der Héicht vum Rio oder op der Héicht vum Leesbierg tëschent Schëffleng- Esch a Lalleng, verbonne mat enger neier Zoufahrt op d’Autobunn. Ausserdeem plädéiert CSV fir eng direkt Verbindung vum Schlassgoart zu Esch op de Monkeler. Et geet eis drëm de Verkéier ze reduzéieren an ze optiméieren mat e.a. enger optiméierter Verdeelung vum Verkéier am Duerfkär a Richtung Zentrum an a Richtung Esch.

Parallel soll de Verkéier iwwergeuerdnet esou organiséiert ginn, datt eis rue du Moulin net méi als Schläichwee genotzt gëtt fir all déi, déi den Enkpass A4/A13 wëllen ëmfueren. Duerch méiglech Entwécklungen op de Friche vun ArcelorMittal gesi mir hei kloer Chancen.

D’Revalorisatioun vun den Arbed Friche soll natierlech NET eleng op eng Verbindungsstrooss limitéiert ginn.

Dëst ass een Element an engem Gesamtprojet, deen e grousst Potential huet. Fir Schëffleng ass et eng grouss Chance fir nei Entwécklungen an och fir besteeend Quartiere besser unzebannen an ze valoriséieren. Besonnesch och déi méiglech Vernetzunge vun eisen Noerhuelungsgebidder offréiere nei Chancen, net nëmme fir d’Awunner mä och fir d’Natur. Wat d’Verkéiersféierung ugeet dierf et keng Tabue ginn. Mer mussen drop bestoen, datt alles ënnerholl gëtt fir eng besser Organisatioun vum Verkéier an der Agglomeratioun Esch-Schëffleng.
CSV Schëffleng huet een oppent Ouer fir all Alternativ, déi e positiven Impakt fir eis Gemeng huet. Sie sollen och Bestanddeel vun eisem Masterplang sinn.

Cliquez ici pour la traduction française de cette publication.