Plangen fir d’Zukunft

E Masterplang fir Schëffleng

Flyer-Schifflange-mai 2017

Unsere Ortschaft hat viel zu bieten, das steht außer Frage. Doch wie soll die Gemeinde sich künftig entwickeln? Wie kann es zu einer Aufwertung kommen? Wie kann die Wohn- und Lebensqualität verbessert werden? Was muss geschehen, damit Schifflingen als Wohn- Einkaufs- und Freizeitstandort attraktiv bleibt?

Die integrierte Stadtentwicklung ist und bleibt für die CSV Schifflingen ein Thema.

Die wachsende Zahl an Richtlinien, gesetzlichen Bestimmungen jedoch auch die Erfordernis der Beteiligung von Akteuren aus der Zivilgesellschaft sowie die Einbeziehung regionaler Zusammenhänge bedürfen eines Planungskonzeptes! Deshalb wollen wir unsere Idee zur Erstellung eines „Masterplang fir Schëffleng“ resolut vorantreiben.

Wir wollen alle wichtigen Projekte in voller Transparenz präsentieren, offen diskutieren, dies im Rahmen von u.a. Informationsversammlungen oder Bürgerforen.

 

CSV Schëffleng seet JO zum PAP Place Grande-Duchesse Charlotte mat e.a. engem Kulturhaus, dem ënnerierdesche Parking an engem Shared-Space Konzept, deen an de Projet integréiert ass. Fakt ass, dass zum heitegen Zäitpunkt a nom Accord de Coalition vun 2011 mat der LSAP, an duerno nom Accord de principe vum November 2014 (3mol Jo CSV bei 1 Enthalung), deen de Schäfferot legitiméiert fir d’Evolutioun vum Projet virun ze féieren, kee fundéiert Argument virläit fir de PAP net ze stëmmen. Och wann d‘CSV de PAP gestëmmt huet, esou bedeit dëst zu dësem Zäitpunkt kee Fräischäi fir déi weider Entwécklung vum Projet.

– Et bleiwen och nom Vote nach eng Rei Froen op,  déi eiser Meenung no ze kläere sinn, wuelwëssend, dass och nach iwwer de „Projet d’Exécution” muss decidéiert ginn, ier et iwwerhaapt zum eigentleche Bauprojet ka kommen.

– Et stellt sech d’Fro vum Notzungskonzept, do ass nach villes am Vaguen, an deelweis onkloer – donieft gëllt et mat de lokale Leit aus der Kulturzeen weider Gespréicher ze féieren, an déi kulturell Zesummenaarbecht mat anere Kulturzentren oder – heiser an de Nopeschgemengen unzestriewen!

– Och de gesamte finanzielle Volet  steet op, dëst concernéiert de Projet u sech a natierlech virun allem och d’Follgekäschten, déi nach net chiffréiert gi sinn, fir de Projet selwer gëtt sech just op eng Estimatioun aus dem September 2012 baséiert!

– Fakt ass och, datt fir de Parking souterrain keen Notzungskonzept existéiert, och ass net kloer op dann elo op dräi oder op zwee Etage Parkraum geschafe ka ginn! Baséierend op enger ganzer Rei vun Inconnuen a vue déi rasant Entwécklung vu Schëffleng wäert d’CSV an deene kommende Méint eng detailléiert Analys vum Projet maachen / an och méiglech Alternativen  iwwerpréiwen!

Dat soll dann am Wahlprogramm festgehale ginn, wuelwëssend och, dass mir eis schonns säit längerer Zäit fir e Gesamt-Masterplang vun eiser Gemeng ausschwätze – net e Masterplang fir den Zentrum eleng, mä fir déi gesamt Surface vun eiser Gemeng, an dat verbonne mat engem Hannerfroe vun eisem PAG! Et geet drëm d’Zukunft ze plangen!

 

Cliquez ici pour la traduction française de cette publication