Parken zu Schëffleng. Dat neit Konzept an der Diskussioun.

 

FullSizeRenderParken zu Schëffleng!

Dat neit Konzept an der Diskussioun

E klenge Réckbléck op eisen Info- a Gespréichsowend “Schëffleng: Eng Gemeng fir Jiddereen”. Den Haaptinteressi hutt ganz kloer dem neie Parkingskonzept mat der Erweiderung vum Parking résidentiel an der Aféierung vum Parking payant gegollt. D’Zil vum neie Parkraumkonzept ass primär d’Schafung vu Parkplaze fir eis Awunner, dofir den Ausbau vun der Vignette résidentielle. Awer och am Beräich vun eise Geschäfter solle Clientë méi schnell eng Parkplaz fannen. Natierlech baut d’Konzept och op déi “Douce Mobilitéit”: Zu Fouss goen oder mam Velo fuere soll eng Alternativ sinn!

Et wor eng interessant Diskussioun mat enger Rei vu konstruktive Remarquen, mat verschidden interessanten Ureegungen, awer och mat enger Rei vu berechtegte Kritiken, an oppene Froen.

Allgemeng woren sech d’Leit allerdings eens, datt mir dem Neie System elo mol eng Chance solle ginn. D’CSV Schëffleng huet déi eenzel Doléancen a Virschléi zur Kenntnis geholl mat dem Zil ze reagéieren. Wuelwëssend, datt net alles mateneen an direkt geännert ka ginn. Schwaachstellen aus dem ale System si verbessert ginn. An eventuell Schwaachstellen aus dem neie Modell musse systematesch analyséiert a neie Léisungen zougefouert ginn. Hei e klengen Iwwerbléck vun deene Froen, déi Bierger am meeschte beschäftegen.

  • Parking résidentiel an der Mëttesstonn

Frostellung: Ech parken um 11.00 Auer mäin Auto an der wäisser Zone, wou maximum dräi Stonne parke mat Disque erlaabt sinn. Bis wéi vill Auer kann ech op dëser Parkplaz stoe bleiwen?

CSV-Äntwert: Vue que dass Mëttesstonn vun 12.00 Auer bis 14.00 Auer gratis ass, kann den Auto bis 16.00 Auer op dëser Parkplaz stoen bleiwen ouni dass den Disque muss verännert ginn.

  • Parking résidentiel vun Méindes bis Samschdes inclus

Frostellung: Firwat brauche mer Samschdes e Parking residentiel zu Schëffleng?

CSV-Äntwert: Wëssend dass Parkplazensituatioun Samschdes am Zentrum vu Schëffleng manner ugespaant ass wéi während dem Rescht vun der Woch, muss een awer berücksichtegen, datt sech an der Peripherie trotzdem Schwieregkeeten erginn z.B. avenue de la Libération – route d’Esch.

Parkingskonzept baséiert momentan op „jours ouvrables“ vu Méindes bis Samschdes inclus. No enger éischter Evaluatioun an deene kommende Méint, steet d’CSV Schëffleng méigleche Verbesserungen natierlech positiv géintiwwer.

  • Nei Busnavette am Kader vum Parking résidentiel

Frostellung: Firwat fiert keng Navette an der Mëttesstonn?

CSV-Äntwert: Opgrond vun der territorialer Gréisst vun eiser Gemeng, kann een innerhalb vun 10 Minutten normalerweis vun der Hall Polyvalent an den Duerfzentrum goen. E gratis Shuttle ass méiglech vu 07.00-08.30 Auer a vun 16.00-18.00 Auer. Dëst ass am Moment e Pilotprojet a méiglech Adaptatioune vum Horaire si jo net ausgeschloss. Je no Bedarf soll iwwert eng Méiglechkeet an der Mëttesstonn nogeduecht ginn.

  • Parking mat “Vignette de stationnement professionnel”

Och dat wor Thema op eisem Info- a Gespréichsowend. Mam neie System ass och eng Vignette de stationnement professionnel agefouert ginn, woubäi am Reglement festgehal ass, wien als méiglechen Bénéficiaire a Fro kënnt a wéi héich d’Taxe ass, déi ze bezuelen ass. Dovunner profitéieren e.a. de Cigl an d’Servicer vu Soins à domicile.

D’Vignette de stationnement professionnel ka bei der Gemeng ugefrot ginn, a gëtt fir eng Dauer vun 1 bis 12 Méint ausgestallt. Pro Vignette kënne bis zu zwee Gefierer ugemellt ginn. Während der Dauer vun der Vignette kënnen d’Gefierer, op schrëftlech Demande, op der Vignette geännert ginn. D’mindest Taxe fir d’Vignette de stationnement professionnel beleeft sech op 30.-€.

Fir weider Informatioun biede mir de responsabele Service vun der Gemeng ze kontaktéieren