NEWS: Paul Weimerskirch als CSV-Schäffen vereedegt

Als Nofolger vum Minister Marc Spautz ass de Paul Weimerskirch den 16. Mäi 2013 als Schäffen vun der Gemeng Schëffleng vum Inneminister vereedegt ginn. Un dëser Zeremonie am Inneministère hunn ausserdeem de Minister Marc Spautz, den Buergermeeschter Roland Schreiner an de Schäffen Carlo Feiereisen deel geholl.

CSV Schëffleng wënscht dem Paul Alles Guddes a bonne Chance a senger neier Funktioun.