Tripartitesentscheedungen

E Kommentar vum CSV Deputéierte Marc Spautz

Den 28 Abrëll 2006, ass et tëschent de Sozialpartner an der Regierung zu engem Tripartite-Accord koum. Analysë vun der wiertschaftlecher, der finanzieller an der sozialer Lag vum Land goufen erstallt , an hunn op verschidden Déséquilibren higewisen ,déi d’Konkurrenzfäegkeet vun eisem Standuert a Gefor bréngen an domat d’Zukunft vum Land op Spill setzen. Dräi grouss Felder, wou Handlungsbedarf besteet konnten définéiert ginn.

Den Aarbechtsmaart, de Statsbudget an d’Inflatioun. Op Basis vun dësen Analysen huet de Gremium eng Rei Méiglechkeete virgeschloen, déi dozou bäidroe méi Aarbechtsplazen ze schafen, d’Inflatioun besser an de Grëff ze kréien an d’Statsfinanzen ze sécheren.

Dës Virschléi hu sech ëm folgend Axe gedréint:

  • D’Maîtrise vun der Inflatioun
  • De Rétablissement vum budgetären Equiliber,
  • Der Situatioun um Aarbechtsmaart
  • D’Asetze vun zousätzlechen Dispositioune, fir d’Wettbewerbsfäegkeet vun de Betriber auszebauen
  • D’Asetze vu bestëmmte Moossnamen am Beräich vun der Sécurité Sociale
  • D’Aféierung vum Statut unique am Privatsecteur

Eng éischt Rei vun deene Mesurë si schonns am Juli 2006 ëmgesat ginn. Et handelt sech dobäi ëm d’Gesetz iwwert d’Adaptatioun vun der automatescher Indextranche, der Net-méi-Indexéierung vun de Familienzoulagen, dem Congé parental an och d’Neutraliséierung vu verschiddene Präiserhéijungen.

Den 21.Dezember gouf dunn den 2. Pak ëmgesat, de Projet, deen am Land méi ënnert dem Numm 5611 bekannt ass a war. Dat Gesetz huet sech mam Aarbechtsmaart beschäftegt, der Fleegeversécherung an den ëmweltpolitesche Moossnamen, déi dozou bäidroe d’Kyotosobjektiver ëmzesetzen.

Zwee weider Projetë sollen nach kommen, an zwar dee vum Crédit d’Impôts an deen vum Statut unique.

De Statut unique ass déi lescht Wochen a Méint zu Lëtzebuerg eent vun den Haaptgespréichsthemen . Et geet drëm, an dat waren Ofmaachungen an der Tripartite,en eenheetlechen „Arbeitnehmerstatut“ am Privatsecteur ze schafen. Ënnerscheeder tëschent Aarbechter a Privatbeamte sollen ofgeschaf ginn.Deen neie Salariatsstatut soll sech um aktuelle Privatbeamtestatut orientéieren. Ënnerscheeder um legislative Plang, fonnt een souwuel am Aarbechtsrecht wéi och am Krankheetsfall.

Et ginn ënnerschiddlech Zouschléi fir Iwwerstonnen, et ginn aner Primë bei Entloossungen, et gëtt en ënnerschiddleche Beitrag fir d’Krankekeessen an nach vill méi aner Ënnerscheeder. Och däerf een an deem Zesummenhang net vergiessen , dass mir hei am Land fir de Privatsecteur nach statutofhängeg Krankekeessen hunn, an och nach verschidde Beruffschamberen, Personaldélegatiounen asw.  Dat bedeit och, wann déi nächst Sozialwale stattfannen, normalerweis am November 2008, dës Fusiounen och musse réaliséiert sinn

Den Accord an der Tripartite huet virgesinn , dass dat ganzt, e Pak war.

Et geet drëm all Moossnamen aus der Tripartite ëmzesetzen.

Et ass wichteg, dass mir et fäerdeg bréngen, och den Enheetsstatut am Privatsecteur ze réaliséieren, fir dass et ab den 1.Januar 2009 nëmmen nach eng Zort „Arbeitnehmer“ am Privatsecteur gëtt, déi no de selwechten Aarbechts- a sozialrechtleche Bedingunge schaffe ginn.

(e Kommentar vum CSV Deputéierte Marc Spautz)