De Musée – eng Erënnerung u schwéier Zäiten

D’Amicale des Enrôlés de force Sektioun Schëffleng, eng aktiv Sektioun.

D’Ligue Ons Jongen, aus där spéider d’Schëfflenger Sektioun vun den „Enrôlés de Force“ gouf, huet viru kuerzem op d’Generalversammlung geruff. Nodeems beim „Monuments aux Morts et de la Résistance“ op der Fräiheetsplaz ënnert de Kläng vun der Sonnerie, Blummen niddergeluecht gi woren, ass am Restaurant „Chez Toni“ op d’Mëttegiessen invitéiert ginn, fir duerno an der Generalversammlung Bilanz ze zéien. A Präsenz vum Buergermeeschter Roland Schreiner, dem Nationalpräsident vun den „Enrôlés de force“ Jos Weirich, dem Margot Engel vun der LPPD-Sektioun a bal 60 Membren, huet de Präsident Emile Wagner vun engem arbechtsintesive Joër geschwat. De Präsident huet alle Merci gesot, déi matgeschafft hunn. En extraë Merci ass un d’Gemeng gaang fir d’Entgéintkommen bei allen Doléances, besonnesch wat den Musée ugeet.

An der Ried ass och un déi erënnert ginn, déi d’Schicksal vun der Zwangsrekrutéierung oder der Deportéierung erliewt an erdroen hunn. Iwwer 300 Jongen vun Schëffleng sinn dëse Wee gaangen, 47 si gestuerwen, gefall oder dout gemeet ginn. Dofir ass et emsou méi wichteg, datt de Stellewäert vum Musée erhaale bleiwt. Et ass eng Plaz vun der Erënnerung, déi de jonke Generatioune och weise soll, wat et heescht wann Diktatur, Intoleranz an Haass Iwwerhand kréien.

Uschléissend huet de Sekretär Marcel Manternach de Bilan virgeluecht: De schrëftleche Rapport huet gewisen, datt d’Sektioun an hir gutt honnert Membren mat Häerz a Séil am Déngscht vun der Amicale geschafft hunn. D’Sektioun war bei de kommunale Festivitéite vertrueden, huet eng Rei vu nationalen Ausstellungen iwwer de Krich besicht, d’Trëppeltouren an Ausflich organiséiert. Och bei verschidde Konferenzen woren Delegatiounen derbäi. D’Veillée an d’Journée Commémorative um Kanounehiwwel op Bauresonndeg, den Nationalkongress, d’Partizipatioun u lokale Commémoratiounsfeieren, d’LPPD-Generalversammlung, an d’Oktavmass, d’Entrevueën an d’Visites guidée am Musée wore weider Héichpunkte. Besonnesch erausgestrach ginn, ass d’Visite vum amerikanesche Botschafter am Musée, eng Plaz vun der Erënnerung u schwéier Zäiten. Gutt 50 Activitéite sinn opgezielt ginn.

Eng gesond Finanzsituatioun huet de Keessier Nic Ecker präsentiéiert. De Komitee gëtt eestëmmeg entlaascht. D’Kompositioun vum Komitee ass folgend: Eierepräsidenten Jean Bisdorff a Jos Schon, Präsident Emile Wagner, Vizepräsident Paul Weimerskirch, Sekretär Marcel Manternach, Sekretär adjoint Camille Claus, Keessier Nic Ecker, assistéiert vum Jos Schon an d’Membre Odette Deckenbrunnen, Roger Gaasch, Léa Gambucci, Josy Metz, Lucie Reiffers a Jean-Paul Schneider, Responsabel fir d’Press. Nei am Comité sinn Caroline Bisdorff-Sadler, François Fees an Danielle Wenzel. D’Keesserevisoren sinn Yvonne Soisson a Lucien Dumont.

No den administrativen Aarbechten hunn d’Eiregäscht zu den Delegéierte geschwat. De Buergermeschter Roland Schreiner huet dem Komitee Merci gesot fir déi onentgeltlech Aarbechten a verséchert och weiderhin beim Ausbau vum lokale Musée iwwer de Krich, d’Resistenz an de Streik ze hëllefen. De Nationalpräsident Jos Weirich huet iwwer Neiegkeeten aus der Zentral informéiert an huet d’Roll vum „Comité directeur pour le souvenir de l’enrôlement forcé“ an vum „Centre.de recherche et de documentation sur l’enrôlement de force“ beschriwwen. Zefridde weist hien sech, datt och jonk Leit am Comité sinn, déi bereed sinn, d’Erënnerung héich ze haalen. „Et ass elo un enger neier Generatioun, well d’Erënnerung ass eent vun den héichste Gidder vun der Mënschlechkeet.“(PaW)