Palliativmedizin zu Lëtzebuerg

Een Info-owend bei der CSV

D’ CSF Schëffleng invitéiert Iech vun Häerzen op eng öffentlech Informatiounsversammlung en Mëttwoch, den 28. September 2005 ëm 20.00 Auer an d’Salle Grand Duc Jean vun eisem Gemengenhaus zum Thema „Palliativmedizin zu Lëtzebuerg“ mam Doktor Bernard Thill, Doktor fir Palliativmedizin

Ugeschwat ginn e.a. folgend Froën:Wat ass Palliativmedizin? Huet sie eng Chance zu Lëtzebuerg? Wéi fonktionnéiert d’Stierwbegleedung zu Lëtzebuerg? Wat ass d’Stierwhëllef? Watfir Medikamenter gi Gebrauch? Wat bedeit d’Recht op Stierwen? Wou leien d’Défië fir d’Matmenschen, fir d’Gesellschaft an d’Politik.

Dir sidd alleguer Wëllkomm!