CSV on Tour duerch Schëffleng

An deenen nächste Woche sinn d’CSV Kandidaten ënnerwee duerch Schëffleng.
Mir komme bei Iech. Mat Iech diskutéieren a schwätzen iwwer eise Bilan an eis Aarbecht am Gemengerot. Besonnesch awer och iwwer eise Programm an eis nei Iddie fir Schëffleng.

  • Mir sinn dëse Samsden (17. September) um Stroossemoart an der Liberatiounsstrooss tëschent 9.00 an 18.00 mat engem Infostand präsent. Zesumme mat de Jonken aus der CSV organiséiere mir deen Dag eng Medikamenten- a Brëllesammlung. Mir sinn och am Kontakt mat der «associatioun vun de pharmaciens sans frontières» fir déi nach brauchbar Medikamenter weiderzeleeden. Bréngt Är al Medikamenter oder Brëller mat op eise Stand oder rufft eis un um Nummer 22 57 31 25 a mir komme bei Iech laanscht.
  • E Samsden de 24. September an e Samsden, de 1. Oktober sinn mir ënnerwee duerch Schëffleng fir a deene verschidde Quartieren mat den Leit ze schwätzen. Mir sinn Mueres an Mëttes ënnerwee fir zesummen mat Iech ze dialogéieren.
  • Mëttwochs, den 28. September ass a der Salle Grand Duc Jean een Info- an Diskussiounsowend zum Thema Palliativmedizin mat dem Dr. Bernard Thill ëm 19.30 Auer.
  • Eis grouss Walversammlung ass den 5. Oktober 2005 ëm 19.30 Auer am Restaurant-Café Beim Stadhaus. Mir presentéieren eis Équipe, eise Bilan an eise Programm.